Déi wonnerschéi Mäert déi d'Anne bei der Rees duerch Italien entdeckt huet hunn hat fir säi Plat inspiréiert.

Fir 3 Persounen

Fir d’Zooss:
1 Ënn
1 Knuewelekszéif
1 Rosmarin-Aascht
1 Iessläffel Olivenueleg
400g gehackten Tomaten aus der Bécks
1 Iessläffel Tomatepüree
100ml roude Wäin
½ Kaffisläffel Oregano
½ Kaffisläffel Zocker
½ Kaffisläffel Salz
Peffer
 
2 Auberginnen
4 Iessläffel Olivenueleg
1 Iessläffel Oregano
25g Parmesan
150g Scamorza
1 Bond Basilic
Salz a Peffer
 
De Schäffchen op 200°C Umluft virhëtzen.
 
De grénge Wupp vun den Auberginnen ofschneiden an d’Auberginnen op zwou Säite schielen. An 1cm deck Scheiwe schneiden, sou dass all Scheif op béiden Säiten geschielt ass.
 
D’Auberginnen an enger Lo op e Bakblech mat Bakpabeier leen. All Scheif mat Olivenueleg besträichen a mat Salz a Peffer wierzen. D’Scheiwen ëmdréien an déi aner Säit mat Olivenueleg besträichen, wierzen a mat e bëssi Oregano bestreeën.
 
D’Auberginnen 20 Minutte baken bis se mell sinn an ufänke brong ze sinn. Aus dem Schäffchen huelen an ofkille loossen.
 
Wärend d’Auberginnen am Schäffche sinn, d’Zooss preparéieren. D’Ënn schielen a reng hacken. De Knuewelek schiele an pressen. D’Rosmarinsnoolen vum Stängel huelen a reng hacken.
 
1 Iessläffel Olivenueleg an engem Dëppen erhëtzen an d’Ënn eng 5 Minutten ubroden bis se mell ass. De Knuewelek an de Rosmarins derbäi ginn an eng weider Minutt broden.
 
D’Tomaten aus der Bécks, den Tomatepüree, Roude Wäin, Oregano, Zocker, Salz a Peffer derbäi ginn an opkachen. Eng 5 Minutte kache loossen.
D’Zooss an eng 20x15cm Bakform schëdden.
 
Wann d’Auberginne bis kal genuch si fir unzepaken, e bëssi Parmesan op all Scheif streeën. D’Scamorza a Stécker schneiden a jeeweils ee Stéck an d’Mëtt vun all Auberginescheif leeën. Zwee Basilikumblieder op all Säit vun der Scamorza op d’Auberginescheiwen leeën. D’Auberginnescheiwen oprullen.
 
D’Auberginnerullen op d’Zooss stellen a mat e bëssi méi Parmesan bestreeën.
 
Am Schäffche wärend 30 Minutten baken.
 
Virum Zerwéiere mat frëschem Basilikum bestreeën.