D'Anne proposéiert eng nei Versioun vun engem Lëtzebuerger Dumplings, e vegetareschen Gardebounen Dumplings.

Mécht ongeféier 29 Dumplings

1 Ënn
20g Botter
150g Gaardebounen, geschielt
90g gefrueren Edamame, geschielt
3 Fréijoerszwiwwelen
2 Téiläffel Bounekraitchen
Salz a Peffer
 
29 ronn Dumpling-Deeg Blieder
1 Iessläffel Ueleg
 
Fir den Dip:
200g Sauer Ram
1 ½ Iessläffel Bratzelen, gehackt
1 ½ Iessläffel Péiterséileg, gehackt
Salz a Peffer
 
D’Ënn schielen a reng hacken. De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Ënn 5 Minutte laang ubroden bis se mell ass. Op d’Säit stellen.
 
Wärend d’Ënnen broden, d’Gaardebounen an d’Edamame an en Dëppe mat kachendem Waasser ginn. Wann d’Waasser rëm kacht, 1 Minutt kache loossen an dann d’Bounen ofschëdden. Mat kalem Waasser ofschrecken.
 
D’Fréijoerszwiwwelen a Scheiwe schneiden. D’Bounen, Fréijoerszwiwwelen an d’Bounekraitchen an e Mixer ginn, mat Salz a Peffer wierzen an zu enger graffer Paste mixen.
 
En Téiläffel Fëllung an d’Mëtt vun engem Dumpling-Deeg ginn. Den Zeigefanger an en Dëppche mat Waasser zappen an de Rand vum Deeg befiichten. Den Deeg zesummefalen an d’Dumplings op en Teller mat Bakpabeier stellen.
 
Den Ueleg an eng Tefals Pan ginn, d’Dumplings um Fong vun der Pan verdeelen. Kachend Waasser iwwert d’Dumplings schëdden, sou dass d’Waasser bis op ¾ vun der Héicht vun den Dumplings geet. Mat engem Deckel zoudecken an op enger héicher Hëtzt kachen bis d’Waasser bal komplett verkacht ass. Opdecken, d’Hëtzt op Mëttel reduzéieren an nach e bësse weider ubroden bis d’Dumplings ënnendrënner knuspreg sinn.
 
Fir den Dip d’Sauer Ram mat de Kraider mëschen a gutt mat Salz a Peffer wierzen.
 
D’Dumplings mat dem Dip zerwéieren.