E vegetareschen Hauch vun Indien
Fir 3 Portiounen
200g brong Lënsen
1 klengen Hokkaido Kürbis (700g)
1 rout Ënn
2 Iessläffel Garam Masala
Olivenueleg
2 Knuewelekszéiwen
3 Téiläffel Ingwerpast
1 Iessläffel Concentré de Tomates
250ml Geméisbouillon
30g Botter
50ml Ram
Salz
Fir de Koriander Chutney:
20g Koriander
10g Menthe
30g Cashewnëss
1 rout Chili
½ Téiläffel Ingwerpast
1 Iessläffel Mango Chutney
Eng Pouz Kräizkümmelpolver
Jus vun ½ Zitroun
Eng Pouz Zocker
20ml Olivenueleg
Fir ze zerwéieren:
Mango Chutney
Granatapelkären
Jughurt
Den Schäffchen op 180°C Ëmloft erhëtzen.
De Kürbis opschneiden, d’Kären rauskrazen an an 2cm déck Tranche schneiden. D’rout Ënn schielen an an Tranchen schneiden. Kürbis an Ënn op e Bakblech leeën a mat dem Garam Masala bestreeën. E gudde Schotz Olivenueleg derbäiginn, mat e bësse Salz wierzen a mat den Hänn alles gutt vermëschen. Eng hallef Stonn am Schäffche baken bis de Kürbis mëll ass.
Wärend där Zäit d’Lënsen ofwäschen, an en Dëppe ginn a mat Waasser bedecken. Zum Kache bréngen an eng hallef Stonn kachen. Ofschëdden an op d’Säit stellen.
Wann de Kürbis gebak ass, 6 Kürbis-Tranchen op d’Säit leen an de Rescht Kürbis zerstampfen fir e Püree ze kréien.
D’Knuewelekszéiwe schielen a pressen. 1 Iessläffel Olivenueleg an engem Dëppen erhëtzen an de Knuewelek mat der Ingwerpast kuerz ubroden. Dann den Concentré de Tomates, d’Lënsen an de Bouillon derbäiginn a 15 Minutten kache loosse bis de Bouillon verkacht ass.
De Kürbispüree, Botter a Ram bei d’Lënse ginn a mat Salz wierzen wann néideg.
Während d’Lënse kachen, den Chutney maachen: alles an e Mixer ginn an zu enger Past mixen.
All Portioun Daal mat zwee Kürbisstécker an e bëssi gebaken Ënnen zerwéieren, an doriwwer den Chutney, Granatapelkären, Mango Chutney a Jughurt verdeelen.
