Eng Zort asiatesche Gromperekichelchen op Basis vu fermentéiertem Geméis
Fir 2 Paangecher vun 20cm fir 2 Leit
100g Miel
50g Maizena
½ Téiläffel Bakpolver
½ Téiläffel Salz
1 Fréijoerszwiwwel
250g Kimchi*
1 Ee
2 Téiläffel Sesamueleg
½ Téiläffel Ingwerpast
60ml Waasser
8 Iessläffel Ueleg
Fir den Dip:
2 Iessläffel Sojaszooss
2 Iessläffel Mirin
1 Téiläffel Sesamueleg
1 Téiläffel Ingwerpaste
Fir ze zerwéieren:
Sesamkären
Sriracha Zooss
D’Miel, Maizena, Bakpolver a Salz an eng Schossel ginn.
D’Fréijoerszwiwwel a Scheiwe schneiden. De Kimchi grob haken. Béides bei d’Miel an d’Schossel ginn. D’Ee, Sesamueleg, Ingwerpast a Waasser derbäi ginn an zu engem Deeg vermëschen.
2 Iessläffel Ueleg an enger 20cm Pan erhëtzen. D’Haltschent vum Deeg an d’Pan ginn an drop verdeelen. 4 Minutte laang op mëttlerer Hetzt ubroden. De Paangech dann op en Teller ginn, mat engem zweeten Teller bedecken, an ëmdréien. 2 weider Iessläffel Ueleg an d’Pan ginn an de Paangech mat der ongebakener Säit no ënnen zréck an d’Pan ginn. Eng weider 4 Minutte baken.
Mam reschtlechen Deeg widderhuelen.
Wärend d’Paangecher baken, d’Ingredienten fir den Dip an enger klenger Schossel vermëschen.
D’Paangecher mat Sesamkäre bestreeën a mat Sriracha Zooss zerwéieren.
*Dee beschte Kimchi kennt vun der Mark Happy Gut Company, déi de Kimchi hei zu Lëtzebuerg biologesch hirstellt.
