E vegetaresche Curry mat griicheschem Touch
Fir 2 Persounen
500g gefruere Spinatblieder
1 Ënn
2 Knuewelekszéiwen
200g Feta
1 Kardamomkapsel
20g Botter
1 Téiläffel Korianderkären
1 Téiläffel Kräizkümmelkären
1 ½ Iessläffel Ingwerpast
1 Téiläffel Kurkuma
1 Téiläffel Garam Masala
Eng Pouz Chiliflacken
50ml Ram
120ml Waasser
Salz a Peffer
Fir ze zerwéieren:
Basmati Räis
Jughurt
Koriander
De Spinat an engem Dëppe mat kachendem Salzwaasser zéie loosse bis dass e komplett entdeet ass. Ofschëdden.
Wärend där Zäit d’Ënn schielen an haken, de Knuewelek schielen a pressen.
D’Kardamomkapsel opmaachen an de Som eraushuelen – d’Kapsel ewechgeheien.
D’Korianderkären, d’Kräizkümmelkären an d’Kardamomsomen an enger grousser Pan kuerz réischteren. De Botter an d’Ënn derbäiginn an eng 4 Minutten ubroden bis d’Ënn mëll ass.
De Knuewelek an d’Ingwerpaste derbäiginn an eng weider Minutt ubroden. Dann de Kurkuma a Garam Masala derbäiginn, kuerz mat ubroden an dann de Spinat derbäiginn. Vun der Kachplack huelen an eng 5 Minutten ofkille loossen.
De Spinat an e Mixer ginn, d’Ram an d’Waasser derbäischëdden an mixen.
Zréck an d’Pan ginn. De Feta a Cubë schneiden, an d’Pan bei de Spinat ginn an opwiermen.
De Curry op 2 Teller verdeelen a mat Räis, Jughurt a Koriander zerwéieren.
