Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewe presentéiert an engem neien "art-eckege" Format.

Si brauchen een Transportmëttel vun A no B. Meeschtens schlofe si an de fir si extra gebauten Infrastrukturen. Si definéiere sech duerch eng temporär geografesch Verännerung: d’Touristen. Bis an d’1950er Jore war Reesen awer just fir déi méi privilegéiert Gesellschaft. Virun der industrieller Revolutioun hat Reesen e bestëmmten Zweck, woubäi haut d’Reese selwer den Zweck ass. Een deen, an deem Sënn, senger Zäit viraus war, war de Lëtzebuerger Moler Frantz Seimetz.

De Frantz Seimetz war wéi en Tripadvisor vum 19. Joerhonnert - mat senge Skizzen an Toillen huet hie Reesberichter vun de verschiddenste Kontinenter festgehalen. Vum amerikanesche Konsul huet de Frantz Seimetz 1887 als Bezuelung fir e Bild en Ticket fir op New York kritt. E puer Joer ass hien dunn an Amerika bliwwen an ass souguer 5 Méint mat engem Hausboot iwwert de Mississippi gefuer. Ma awer och a Kanada, an d’Karibik an a Mexiko ass de Frantz Seimetz gereest. Eréischt no 9 Joer ass hien zréck op Lëtzebuerg komm.

1858 ass de Frantz Seimetz zu Gréiwemaacher op d’Welt komm. Hien hat, trotz senge ville Reesen, säi Liewe laang eng déif Verbonnenheet zu senger Heemecht. Mat 16 Joer huet de Frantz Seimetz säin alleréischt Bild gemoolt - eng Nature morte mat Blummen.

Si mole keng Landschaften, mee Stëmmungen - riets ass vun den Impressionisten aus dem 19. Joerhonnert. Et ass d’Molerei vun der Luucht. "Impression, soleil levant" vum Claude Monet gëllt als Musterbeispill an huet der Konschtrichtung hiren Numm ginn. De Vincent Van Gogh, Edouard Manet oder den Auguste Renoir - an och de Frantz Seimetz gehéiert op d’Lëscht vun den Impressionisten.

De Frantz Seimetz war en talentéierte Fräiliiichtmoler. Hie war awer och e Portraitist, dee säin Handwierk beherrscht huet. Seng Selbstportraiten erënnere vill un déi hollännesch Meeschter Frans Hals an Rembrandt.

De Feiersalamander - viru ville Joerhonnerte waren d‘Mënschen dovun iwwerzeegt, datt d'Déier Feier läsche kann. Deemno hunn d’Mënschen och esou reagéiert an de Salamander bei engem Brand an d’Feier geheit. Dës brutal Reaktioun huet dem Déier säin Numm ginn.

"Der Feuersalamander" Einfalle und Ausfälle - dat ass och den Titel vum Frantz Seimetz sengem 220 Säite Manuskript. Säi Gesondheetszoustand huet de Moler dozou bruecht, ze schreiwen, well d’Molen ass him ëmmer méi schwéier gefall. 1932 huet hie säi lescht Bild gemoolt an 2 Joer duerno ass hien an der Stad verstuerwen.

De Frantz Seimetz zielt haut als den éischte Lëtzebuerger Moler, deen eleng vu senger Konscht liewe konnt. "Eppes ufänke ka jiddereen, ma zur richteger Zäit ophalen, dat ass d’Konscht” - Wierder vum Lëtzebuerger Moler Frantz Seimetz.

Art Eck - ëmmer samschdes a sonndes nom Journal op Télé Lëtzebuerg an um RTL Play.