Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewe presentéiert an engem neien "art-eckege" Format.

1894 - De Fransous Albert de Dion gewënnt dat éischt Autoscourse an der Geschicht. Zu London geet déi bekannten Tower Bridge fir de Verkéier op. De belschen Entwéckler vum Saxophon - den Adolphe Sax - ass zu Paräis gestuerwen. An zu Esch kënnt, e puer Joer virdrun, déi éischt Komponistin aus der Lëtzebuerger Museksgeschicht op d’Welt - d’Helen Buchholtz.

D’Helen Buchholtz huet sech an hirer Kandheet scho fir Musek, Literatur a Konscht interesséiert. Am Meederchersinternat zu Lonkech konnt si Musekscoursen huelen, awer nëmme begrenzt. Fir d’Meedercher sollt d’Musek nämlech eleng als Ënnerhalung déngen an net als Beruffsperspektiv.

Dat traditionellt Fraebild vun enger Hausfra a Mamm konnt a wollt d’Helen Buchholtz op kee Fall verkierperen. Bei hirem Bestietnis huet si hirem Mann zwou Bedéngunge gestallt. Si wollt weiderhi fräi bleiwen, esouvill ze komponéieren an ze musizéiere wéi si wollt, an aus deem Grond wollt si och keng Kanner.

D’Helen Buchholtz war eng Fra mat staarkem Charakter an enger extravaganter Perséinlechkeet. Si hat laang Hoer bis op de Buedem a si hat, fir eng Pianistin, vill ze laang Neel. An hirer Fräizäit ass si gäre Schi gefuer an huet och alt emol un Autoscourssen als Bäifuererin deelgeholl. Fir eng Fra aus dem 19. Joerhonnert ass si e ganz onkonventionelle Wee gaangen.

An der Ëffentlechkeet huet si sech awer rar gemaach. Just 16 Kompositiounen huet si zu Liefzäiten verëffentlecht. Si war allerdéngs och ni op eng Kommerzialiséierung vun hirer Musek ugewisen. Duerch d’Undeeler un der Brauerei Buchholtz zu Esch konnt si hiert ganzt Liewe finanziell onofhängeg bleiwen. De Goût vum Béier ass hir ze gutt komm an dat obwuel si Béier net ausstoe konnt - trotzdeem huet d’Helen Buchholtz fir d’Gesondheet all Dag hiert klengt Gliesche Béier gedronk.

Hir Kompositiounen hate wuel en traditionelle Charakter, mee et ass hir dobäi gelongen, hir ganz perséinlech Sprooch an der Musek ze fannen. D’Helen Buchholtz huet an hirem Liewen awer méi fir den Tirang komponéiert wéi fir e Publikum.

E puer Joer huet si zesumme mat hirem Mann zu Wiesbaden gewunnt. 1921, nom Doud vun hirem Mann, ass si zréck op Lëtzebuerg wunne komm - op de Lampertsbierg. De Quartier vun de Rousen. 1953 ass si mat 76 Joer an hirer Villa als onbekannt Komponistin gestuerwen. Hiren Neveu huet hir Partituren Joerzéngte laang an zwou Wallisse versuergt an haut si se am Archiv Helen Buchholtz fir d’Ëffentlechkeet zougänglech.

Vum Helen Buchholtz hirem Elterenhaus zu Esch bleift haut just nach d’Fassade. Vun der Komponistin selwer bleift awer méi. Ëm déi 140 Partituren huet si hannerlooss an domat och e staarkt Fundament fir d’Lëtzebuerger Museksgeschicht.

Art Eck - ëmmer samschdes a sonndes nom Journal op Télé Lëtzebuerg an um RTL Play.