E Portrait vun der Kënschtlerin Florence Hoffmann, e Besuch beim Museker Jerome Klein an eng nei Galerie fir den Hans Fellner.

D'Florence Hoffmann ass eng villsäiteg Sculptrice, déi gäre méi wäit kuckt. Si ass an der Monumentalkonscht doheem, ma kreéiert awer och leidenschaftlech gäre méi kleng Skulpturen an Installatiounen.

De Jerome Klein ass Pianist a Perkussionist. D’Musek ass seng Passioun, säi Beruff bestëmmt säin Alldag, virun allem am Jazz ass hien doheem. Momentan schafft en um éischten Album vu senger Jazz-Formatioun "KLΞIИ".

Den Hans Fellner ass studéierte Konschthistoriker, ma säi Numm kennt een dach éischter wéinst senger Librairie an der Louvignys-Gaass. Elo huet hien en neie Projet: eng Konschtgalerie fir etabléiert Lëtzebuerger Kënschtler.

D'Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.