De Gery Oth
E Portrait vum Gery Oth, e Bléck hannert d'Kulisse vun zwou Expoen, eng Residenz fir Them Lights vum Sacha Hanlet an 90 Sekonnen "Sweet Dreams".
D'Fotografie ass seng grouss Passioun. De Kënschtler Gery Oth verschafft seng Fotografien op ganz verschidde Manéieren an experimentéiert gäre mat de Méiglechkeeten. De Gery Oth hëlt eis, ënner anerem, mat an säin Atelier an a seng Dunkelkammer.
Mir kucke mat Iech hannert d'Kulisse vun zwee Lëtzebuerger Muséeën. Mir waren, ënnert anerem, dobäi wéi ee sowjetesche Jet säi Wee an de Grand Hall vum Mudam fonnt huet.
„Them Lights“ dat ass dem Museker Sacha Hanlet säin éischte Solo-Projet duerch deen hien zum „artiste résident“ vun der Escher Kulturfabrik ginn ass.
An d’Indie-Band The Cookie Jar Complot presentéiert an 90 Sekonnen hiert Lidd „Sweet Dreams“ .
Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.