E Portrait vum Kënschtlerduo Feipel & Bechameil, Theater zu Miersch, Filip Markiewicz an der Konschthal an 90 Sekonne vum Spektakel "Onnanoko".

D'Skulpturen an Installatiounen vum Martine Feipel a Jean Bechameil hunn eng onverkennbar Ästhetik. Mir hunn d'Kënschtlerkoppel zu Bréissel am Atelier besicht an kruten en Abléck an hir aktuell Projeten hei zu Lëtzebuerg.

Am Mierscher Kulturhaus dréit sech den Ament a senger aktueller Theaterproduktioun "Im Umbruch" alles ëm de Lëtzebuerger Auteur a Politiker Nik Welter.

De Filip Markiewicz weist an der Ausstellung «Instant Comedy» an der Konschthal zu Esch eng Rëtsch nei Wierker op zwou Etagen.

Danz an 90 Sekonnen an dat mam Jill Crovisier senger neister Creatioun "Onnanoko".

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.