E Portrait vum Kënschtler Lascar, Musik vun No Metal in this Battle, Monique Becker & Sali Muller an 90 Sekonne mam Spektakel "Make Your Move".

De Kënschtler Lascar hëlt eis mat op d‘Sich no neie Motiver fir seng Collagen a weist eis säin aktuellste Projet op der Industriebrooch Esch/Schëffleng.

Donieft stelle mir Iech d‘Ausstellung "Where the sky is pink and the grass is green" vun de Kënschtlerinnen Monique Becker a Sali Muller vir.

A mir hunn d’Band No Metal in this Battle an hirem Proufsall an der Kulturfabrik getraff, wou si eis méi iwwert hir nei Singelen verroden.

"Make Your Move" heescht et an den 90 Sekonnen – eng Choreographie fir fënnef Dänzer vum Claudia Urhausen.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.