E Portrait vum Museker Nico De Marchi, Kinnek Ubu zu Groussbus, zwou Expoen an der Konschthal an 90 Sekonne mat der Helen's Dance Schoul

De Nico De Marchi ka mëttlerweil schon op eng iwwer 40 Joer laang Karriär am philharmoneschen Orchester zu Léck zréck kucken. Mir hunn de Cor Museker a senger Heemecht Léck an zu Namur, wou hie Coursë gëtt, besicht.

1993 hat d’a.s.b.l. «de Schankemännchen» hiren éischte Fräiliichtspektakel zu Groussbus opgefouert. Enn Juli presentéiert d'Theatertrupp ëm den Auteur Jemp Schuster, dem Public hir mëttlerweil scho 15. Theaterproduktioun – de "Kinnek Ubu".

D’Konschthal zu Esch huet den Ament hir éischt grouss thematesch Ausstellung zënter der Ouverture. Metalworks Design and Making an eng monumental Installatioun vum Jeppe Hein.

An an de 90 Sekonne gëtt gedanzt an dat vu kleng bis grouss.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.