E Portrait vum Museker MAZ, d'Theaterserie "Leurs enfants après eux" am Escher Theater, de Skulpturewee zu Esch an 90 Sekonne fir Them Lights.

Duerch d‘Rhythmen vun der Batterie ass den Thomas Faber alias MAZ op de Goût vun der Rap-Musek komm. Déi lescht Wochen iwwer hat hien an der Kufa fläisseg un engem Live-Set fir seng kommend “Upside Down Tour” uechter Europa geschafft.  Mir kruten ee ganz perséinlechen Abléck an dem Museker säin Alldag.

Donieft huele mer Iech dës Woch mat an den Escher Theater, wou den Ament fir en Theaterstéck vun der besonnescher Zort geprouft gëtt: eng Theater-Serie ronderëm d'Buch "Leurs enfants après eux" vum Nicolas Mathieu, dat mam Prix Goncourt ausgezeechent gouf.

Mam Curateur Alex Reding entdecke mer ee ronn 10 Kilometer laange Skulpturewee deen een, am Kader vun Esch 2022, queesch duerch d‘Minettsmetropol féiert.

An an de 90 Sekonnen präsentéiert de Museker Sacha Hanlet aka Them Lights seng neiste Single.