E Portrait vun der Sängerin Adrienne Haan, d'Ausstellung vum Shaunté Gates, d'Theaterstéck "Blackbird" an de Coup de coeur.

Zanter 25 Joer schonn lieft a schafft déi däitsch-lëtzebuergesch Sängerin Adrienne Haan zu New York, wou si och schonn an der berüümter Carnegie Hall opgetrueden ass. Ëmmer rëm verschléit et si mat hire villfältegen a méisproochege Programmer och  zeréck Lëtzebuerg. Mir kruten en Abléck an hiren Alldag an hannert d‘Kulissen.

Donieft ware mir am Théâtre du Centaure bei de Prouwen fir Blackbird dobäi. Een intensiivt a facettëräicht Stéck an Zeen gesat vum Myriam Müller.

An d‘Galerie Zidoun-Bossuyt ware mir eis déi aktuell Ausstellung vum amerikanesche Kënschtler Shaunté Gates ukucken.

Zur gudder Lescht presentéiere mir iech de Coup de Coeur vun der Kultur-Redaktioun.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.