E Portrait vun der Regisseurin Myriam Muller, d'Band Saxitude an den Dirigent Pierre Cao an der Philharmonie

D'Myriam Muller ass als Schauspillerin, als artistesch Direktesch vum Théâtre du Centaure a virun allem als Realisatrice net méi aus der Lëtzebuerger Theaterzeen ewechzedenken. Mir hu si bei hirer aktueller Shakespeare-Inzenéierung begleet an domat de Prozess vun enger grousser Theaterproduktioun festgehalen.

Mir gi bis an d'Philharmonie, déi Plaz wou d'Lëtzebuerger Band Saxitude hiren éischten Optrëtt an där Envergure huet a genau op där Plaz kucke mir och zréck op dem Dirigent Pierre Cao seng Karriär.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.