E Portrait vun der Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling, den Turnup Tun, de Raphael Tanios an "The Writer".

2021 krut Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling de Lëtzebuerger Danzpräis. Dëst Joer presentéiert d'Kënschtlerin hir Kreatiounen, ënner anerem, am Groussen Theater an um Festival zu Avignon.

Den Turnup Tun ass Sänger, Songwriter a Produzent a gëtt eis en Abléck a seng kreativ Aarbecht. De Raphael Tanios huet dëst Joer de "Prix jeune talent" vum Cal gewonnen. Och hie weist säi Kreatiounsprozess an seng fäerdeg Wierker an zwee verschidden Ausstellungen.

An de 90 Sekonne kritt een en Androck vun der aktueller Theaterproduktioun "The Writer" am Kapuzinertheater.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.

Preview Artbox
D'Elisabeth Schilling