E Portrait vum Kënschtler Jo Malano, ausserdeem de Palais de Luppé zu Arles an d'Kënschtlerin Jil Lahr zu Hamburg.

Dem Jo Malano seng Konscht ass fléissend a faarweg a staark vun der Natur an dem mënschleche Kierper inspiréiert. An deene leschte Jore ware seng eenzegaarteg Kreatioune bei deene verschiddenste Konschtprojeten an Ausstellungen ze gesinn.

Mir kréien en Abléck an déi beweegte Geschicht vum historesche Palais de Luppé zu Arles a Südfrankräich. An zu Hamburg hu mir déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Jil Lahr an hirem Atelier  besicht.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.