E Portrait vun der Schauspillerin Nora Zrika, ausserdeem de Filmprojet "Äppel & Biren" an Theaterproduktioun "Léa et la théorie des systèmes complexes".

Si ass dat neit Gesiicht an der Lëtzebuerger Theaterzeen. Déi jonk Schauspillerin Nora Zrika huet elo réischt hir drëtt Theatersaison am Beruff ugefaangen. Mir ware bei enger Prouf vun hirer aktueller Theaterproduktioun am Kasemattentheater mat dobäi.

"Äppel & Biren" esou heescht de Filmprojet vum Lukas Grevis a Louise Gras – e Film, deen eleng duerch eng Kickstarter Campagne finanzéiert ginn ass. A mir ware bis an de Kapuzinertheater fir d'Produktioun "Léa et la théorie des systèmes complexes" vum Ian De Toffoli an Renelde Pierlot.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.