Modern Sklaverei a Bedruch op groussem Niveau op alle Fronten - De Suivi
Bei den RTL-Investigatiounen an der Affär ëm modern Sklaverei a Bedruch gëtt et e Suivi.
News am Juli 2020: Modern Sklaverei a Bedruch op groussem Niveau, Parquet mécht Perquisitiounen
Nei Elementer
Am Mëttelpunkt steet e Lëtzebuerger Geschäftsmann, deem eng Dose Firme gehéieren aus allméigleche Beräicher, dorënner en Hotel zu Veianen, wou alles ugaangen ass. Do stoung de Mann am Verdacht, portugisesch Bierger op Lëtzebuerg fléien ze loossen, fir se hei auszenotzen. Dacks ware si guer net oder falsch ugemellt.
Dem Geschäftsmann gehéieren awer och nach weider Firmen aus alle Beräicher. Et gëtt him reprochéiert, systematesch Mataarbechter anzestellen, schaffen ze doen an no e puer Méint z'entloossen, ouni si ze bezuelen. Iwwerstonnen, sou wéi Sonndesstonne goufen och net bezuelt. Dës a weider kleng Delikter, déi géint eist Aarbechtsrecht verstoussen, schénge systematesch gewiescht ze sinn. Op d'Tapéit koumen och penal Infraktioune wéi Fälschungen, Erpressungen an anerer. Weider Affer sinn awer och Studenten, Fournisseuren a Clienten. An dëser Affär, déi zënter iwwer 15 Joer dauert, gëtt et warscheinlech Honnerte Geschiedegter.
Zanter Joren ass de Geschäftsmann wéinst Abuse bekannt bei der ITM, der Krankekeess a beim Parquet. Ëmmer erëm gi Plainten deposéiert. Et kënnt reegelméisseg zu Prozesser um Aarbechtsgeriicht. An de leschte Jore goufe vill Kontrollen an och Perquisitiounen an de Firme ronderëm de Geschäftsmann gemaach. Deen awer schéngt ëmmer weider ze maachen.
De Prozess zu Dikrech - D'Affer waarde bis zu 9 Joer op en Urteel
Et koum am Dezember zu engem Prozess um Strofgeriicht vun Dikrech, wou de selwechte Mann op der Uklo-Bänk souz, zesumme mat senger Mamm. An der Uklo sinn identesch aarbechtsrechtlech a penal Infraktiounen, wéi déi vun de Faiten, déi him 2018 an 2019 reprochéiert ginn. Allerdéngs geet et hei ëm Infraktiounen aus de Joren 2012-2013. Iwwer 30 Plaignante waren an dësem Prozess bedeelegt. E Prozess, deen 9 Joer gebraucht huet, bis et an éischter Instanz zu engem Urteel koum.
D'Urteel gouf déi leschte Woch gesprach. 18 Méint Prisong op Sursis fir de Geschäftsmann. D'Mamm, déi Signataire war vun de Firmen, gouf fräigesprach.
Eng Enquête
Et leeft momentan eng Instruktioun an der Stad géint de Geschäftsmann. Police judiciaire héiert an deem Kontext vill Zeien.
Mécht de Geschäftsmann monter weider?
Den Temoignagen no ze gleewen am Suivi vun dëser Affär, schéngt de Geschäftsmann iwwert all de Mesuren ze stoen, déi momentan lafen, souguer iwwert dem Urteel vun Dikrech. Hien entléisst weider Personal, ouni Leit ze bezuelen a schéngt an aner kromm Machenschafte verwéckelt ze sinn.
Dës Affär gouf no enger laanger RTL-Investigatioun dat lescht Joer public gemaach. D'Aussoe baséieren unhand vun iwwer 50 Temoignagë vun Affer.
Och Dir kënnt Iech bei eis mellen, wann Dir Zeien oder Affer sidd vun Ongerechtegkeeten: dossier@rtl.lu