D'Thema Klima a Warnunge virun engem Klima-Noutstand räissen net of, doriwwer hu mer e Mëttwoch den Owend am Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg geschwat.

Wéi kann d'Landwirtschaft sech upassen, fir d'Klima besser ze schützen? Wéi gesäit et mam Bausecteur aus? A wéi mam Automobilsecteur? Mat där Fro hu sech e Mëttwoch den Owend d'Presidentin vum Mouvement écologique Blanche Weber, dem President vun der Landwirtschaftskummer Guy Feyder, de Benji Kontz vun der Fedamo an de Jean-Marc Kieffer vun CDCL beschäftegt. De Bausecteur misst zum Beispill op aner Ressourcen iwwergoen, huet de Jean-Marc Kieffer erkläert, well déi natierlech Ressource wéi Sand net éiweg zur Verfügung stinn. De Moment géif och do intensiivst gefuerscht ginn. Ma e Mentalitéitswiessel vun enger eenzeler Entreprise kéint an deem Secteur net vill bewierken.

Och soss kann den Eenzele vläicht eppes Klenges dozou bäidroen, ma d'Invitéë ware sech eens, datt an der Haaptsaach vun ëffentlecher Säit ee Kader muss geschaaft ginn - zum Beispill fir d'Landwirtschaft. De Guy Feyder huet d'Fro opgeworf, wéi fräi ee Bauer iwwerhaapt wier fir sech unzepassen. De Marché an d'Politik géifen nach ëmmer den Toun virginn.

An der Automobilbranche iwwerdeems wier ee vun de gréissten Efforte gemaach ginn, fir d'CO2-Emissiounen ze reduzéieren. Et misst een d'Leit elo sensibiliséieren an responsabiliséieren, hinnen eben och d'Alternative proposéieren. Allerdéngs dierft et net esou sinn, datt den Auto carrement an den Eck gedréckt géif ginn. Zum Beispill andeems keng Parkplaze méi gebaut ginn. Da géifen d'Leit méi laang no engem Emplacement sichen, wat net am Sënn vum Klimaschutz kéint sinn.

40 Joer laang gëtt et elo schonn de Mouvement écologique. Vill wier an deene 4 Joerzéngte geschitt, allerdéngs wier d'Situatioun de Moment esou dramatesch, wéi nach ni, huet d'Blanche Weber gemengt. Déi och ënnerstrach huet, datt een ee seriöen Echange bräicht. Mam Fanger op Eenzeler ze weisen, géif ee net virubréngen.

D'Invitéë waren

Jean-Marc Kieffer
President CDLC
Administrateur Groupement Bau- Entrepreneur

Benji Kontz
Administrateur & Generalsekretär FEDAMO
Administrateur Natur an Ëmwelt

Guy Feyder
Bauer
President Landwirtschaftskummer

Blanche Weber
Presidentin Mouvement Écologique