D’Majoritéit vun US-Bierger wëll den Donald Trump zeréck, an deen huet dës Walen haushéich an all Hisiicht gewonnen, huet fräi Hand duerch ze regéieren.

An den USA huet d'Kamala Harris e Mëttwoch den Owend eiser Zäit dem Donald Trump fir seng Victoire gratuléiert a sech anengems ëffentlech un hir Sympathisanten adresséiert. Si huet un d'Demokraten appelléiert, weider ze kämpfen an net opzeginn.

Kloertext/Reportage Dany Rasqué

Och an Europa sëtzt de Schock déif an et gëtt probéiert, Explikatioune fir dem Donald Trump säi gelongene Comeback ze fannen. Och e Mëttwoch den Owend am Kloertext op der Tëlee.
 
Ee vun den Invitéë war de laangjäregen Ausseminister Jean Asselborn, deen direkt am Ufank vun der Emissioun drop higewisen huet, datt nom Hillary Clinton alt erëm eng Fra gescheitert wier. Wëllen d'Amerikaner deemno guer keng Presidentin?

"Ech mengen, dass an Amerika, méi wéi an Europa, déi 3.000 Joer al Patriarchal-Wuerzelen nach vill méi staark si wéi hei."

Och fir de Brian Reeves, dee viru 14 Joer vu Washington op Lëtzebuerg koum, steet fest, datt d'Kamala Harris an d'Hillary Clinton déi besser Kandidatinne waren, dofir misst ee sech duerchaus Froe stellen.

Fir den Andy Adams, deen op der Miami University studéiert a geschafft huet an als Finanzexpert laang tëschent den USA a Lëtzebuerg hin an hier gereest ass, huet d'Victoire vum Donald Trump eppes mat senger Persoun ze dinn.

"Den Trump gëtt behandelt wéi iergendeng reliéis Figur, déi net ze touchéieren ass. Hien ass "Teflon". Kee President hätt de 6. Januar kënnen iwwerliewen. (6.1.2021 - Attack op de Kapitol) Hie gëtt als reliéis Figur vu senge Supporter ënnerstëtzt. Ech weess net, wéi en demokratesche Géigner dëst Joer géint hien hätt kënne gewannen."

An Europa ass et méi schwiereg, d'Decisioun vun den Amerikaner nozevollzéien a se mécht dem Jean Asselborn och Suergen.

"Et ass e verurteelte Kriminellen, et ass e Mann, dee 4 Joer laang d'Walresultat net unerkannt huet an et ass een, deen d'Leit op de Kapitol gedriwwen huet, dat heescht d'Häerz vun der amerikanescher Demokratie. Dee ka sech erëm opsetzen an dee gëtt erëm gewielt. Dat mécht mer Angscht, net nëmme fir Amerika. Et mécht mer Angscht fir d'Demokratie an der Welt. Dat ass en immens schlecht Zeechen, dat do gesat ginn ass, an ech mengen, mir dierfen dat do net ënnerschätzen."

Den Donald Trump hat mat Revanche gedreet an den Demokrat Brian Reeves geet och dovunner aus, datt en dat op d'mannst versicht.

"Eng vun de Suergen, déi ech hunn, ass, datt en am Verglach zu 2016 net méi ëmginn ass vun Erwuessenen am Raum, wéi ee seet, mä just nach Leit huet, déi dat maachen, wat hie si ustellt. Ech muss dofir hoffen, datt déi Sécherungen, déi mir an der Regierung agebaut hunn, datt déi funktionéieren, fir datt hien näischt Illegales ka maachen, well et ass kee Mënsch do, deen hie stoppt."

Angscht virun engem autokratesche System huet de Brian Reeves awer net. Hien ass iwwerzeegt, datt et genuch Sécherungen am System gëtt, déi dofir suergen, datt d'USA och eng zweete Kéier e President Trump iwwerstinn.

D'Invitéeën:

Jean Asselborn

Laangjäregen Ausseminister

Andy Adams

huet op der Miami Universty studéiert a geschafft
Als Finanzexpert tëscht Lëtzebuerg an USA geschafft

Brian Reeves

Ass 2010 vu Washington op Lëtzebuerg komm
Zanter 2018 Lëtzebuerger, mat enger Lëtzebuergerin bestuet