De Punkt geet un d’Gewerkschaften, mee de Match ass net gelaf an et ass net kloer, ob Hallefzäit ass an nächste Méindeg ofgeschloss oder verlängert gëtt.

Ass d'Kou vum Äis oder ass nach alles op? Iwwert déi Fro gouf en Donneschdeg den Owend am Kloertext diskutéiert, nodeems d'Sozialpartner jo 11 Stonne beienee souzen, fir mol erëm mateneen ze schwätzen an ze verhandelen. Dacks getrennt vuneneen an awer ouni, datt eng vun de Säiten d'Dier geklaakt huet. 
 
Trotz där viller Zäit, déi Gewerkschaften, Patronat a Regierung am Staatsministère verbruecht huet, gëtt et nach kee globalen Accord.

Den LCGB-President Patrick Dury, deen ënnerstrach huet, datt hien och als Co-President vun der Unioun OGBL-LCGB schwätzt, sot datt een dovunner nach ganz wäit dovunner ewech ass. 
 
Zanter dem 8. Oktober wier d'Roll vun de Gewerkschaften hei am Land a Fro gestallt, dat hätt een elo emol berengegt kritt. D'Syndikater hätten also näischt bäikritt, mä géifen dat behalen, wat se haten. Dat wier awer just duerch eng intensiv Zesummenaarbecht an e massiven Asaz méiglech gewiescht. 
 
Nächste Méindeg ginn d'Dräiergespréicher am Staatsministère jo virun. D'Gewerkschafte géife mat Argumenter an déi Reunioun goen a mam Wëllen, en Accord ze fannen, mä do misst dann natierlech all Säit bereet sinn, e Kompromëss ze maachen. 
 
D'Patronat war och an de Kloertext invitéiert, wollt déi Invitatioun awer wärend de Verhandlungen net unhuelen.
Och d'Regierung huet kee Vertrieder geschéckt, mä Deputéiert vun der CSV, der DP, deene Gréngen an der LSAP, déi jo och scho moies d'Deklaratioun vum Premier Luc Frieden an der Chamber gelauschtert haten, hunn d'Gespréicher kommentéiert. 
 
Den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach huet ervirgestrach, datt et positiv ass, datt d'Regierung d'Sozialpartner elo emol erëm un den Dësch kritt hätt an d'Situatioun deblockéiert krut. 
 
D'Sam Tanson vun déi Gréng koum net derlaanscht, fir den Alex Donnersbach drun z'erënneren, wou dee Blockage hierkoum. D'Problemer hätten den 8. Oktober zejoert ugefaangen, wéi den Aarbechtsminister Georges Mischo d'Exklusivrecht vun de Gewerkschaften, d'Kollektivverträg ze verhandelen, a Fro gestallt huet.

Domadder wier ouni Nout eng Kris provozéiert ginn an de Sozialdialog wier däitlech zeréck gaangen. 
 
Den Alex Donnersbach wollt dat net esou stoe loossen. 
Um Sujet vun de Kollektivverträg wier kee Gesetzprojet deposéiert ginn an et wier mat de Gewerkschafte geschwat ginn. 
 
De Patrick Dury huet geäntwert, déi fënnef Entrevuen, déi ee mam Premier gehat hätt, hätten d'Saach nach méi schlëmm gemaach a se hätten dozou gefouert, datt keng Vertrauensbasis méi do war. Ouni déi massiv Ënnerstëtzung op der Manifestatioun den 28. Juni, dovunner ass de Patrick Dury iwwerzeegt, hätt sech och näischt geännert. 
 
An den Ae vum LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel ass de Premier Luc Frieden senger Roll net gerecht ginn. Wann een 20 Méint bréicht bis ee kéint matenee schwätzen, dann hätt een eppes falsch gemaach. 
 
Elo kéim d'Regierung e bëssen eriwwer wéi den Elefant, deen duerch de Parzeläinsbuttek gaangen ass an no 20 Méint, hätt se eng Pechpistoul fonnt, fir de Parzeläin erëm zesummen ze pechen. Et wier vill Chaos bei de Kollektivverträg gewiescht a beim Hearing iwwert d'Pensiounsreform wier um Enn dat zeréckbehale ginn, wat kengem gefall hätt. E Regierungschef misst do Verantwortung iwwerhuelen a soen, wou et higeet. Dat hätt hien an dësem Fall vermësst. 
 
Fir déi liberal Deputéiert Corinne Cahen dierft bei de Pensiounen e Mix d'Léisung sinn. Si sot, si wier ganz d'Accord mam Patrick Dury, datt eng Persoun, déi 40 Joer laang eng ganz schwéier Aarbecht gemaach huet, keng 45 Joer schaffe kann. Et géifen awer vill verschidden Aarbechten an och Leit, déi gäre méi laang géife schaffe goen. Et léiche vill Pisten um Dësch an iwwert déi misst elo verhandelt ginn. 
 
Et gouf och kuerz iwwert d'Propose vum Patrick Goldschmidt geschwat, déi hie bei eis um Radio gesot hat, et kéint ee jo manner cotiséieren, wann ee jonk ass a méi, wann een dann an engem gewëssen Alter ass.

Den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach sot, et wier eng Iddi wéi eng aner, se hätt awer den Nodeel, datt déi méi eeler Salariéeë fir de Patron manner attraktiv géife ginn, well deen da méi sozial Cotisatioune misst bezuelen.

Och déi Gréng an d'LSAP waren net waarm fir déi Iddi.

D'Invitéeë waren:

Patrick Dury
President LCGB

RTL

© Tom Zeimet

Corinne Cahen (DP)
Deputéiert, fréier Ministesch

RTL

Alex Donnersbach (CSV)
Deputéierten, Schäffen

RTL

Sam Tanson (déi gréng)
Spriecherin, fréier Ministesch

RTL

Georges Engel (LSAP)
Deputéierten, fréiere Minister

RTL