Déi aktuell Diskussioun ass net pro oder kontra Ofdreiwung, well dat an engem Gesetz verankert ass, mä ob dëst och an d'Verfassung opgeholl soll ginn.

Soll den Avortement an d'Verfassung stoe kommen?  A wa jo wéi? Als Recht oder als Fräiheet vun der Fra?

Ëm déi Froen goung et am Kloertext op der Tëlee. Aktuell läit jo eng Gesetzpropos vun déi Lénk um Dësch, fir op dee Wee ze goen, ma net jiddereen hält dat fir néideg.
 
D'Michèle Kayser-Wengler ass Kannerdoktesch an ënnersträicht, datt si d'Ofdreiwungsgesetz absolut net a Fro stellt. D'Presidentin vu Pro Familia an infoMann, déi och CSV-Conseillère zu Diddeleng ass, fënnt et awer, wéi si seet, net opportun un d'Constitutioun fréckelen ze goen.

"Ech fannen d'Constitutioun ass méi eppes Wichteges. Dat reegelt de Staatsfonctionnement, dat reegelt eist Zesummeliewen, do si wichteg Prinzippien, Rechter dran, déi awer och e Schutz bidden. Do steet de Schutz vun der Demokratie dran, de Schutz vun der Monarchie, de Schutz vum Eenzelen, de Schutz vun den Déieren, de Schutz vun der Natur an elo wëlle mer do eppes dra setzen, wat am Fong eppes net schützt."

Dat ass ee vun de Grënn, déi d'Michèle Kayser-Wengler nennt fir den Avortement net an d'Verfassung ze schreiwen. Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, deen d'Gesetzpropositioun geschriwwen huet léisst d'Argument vum Schutz net gëllen.

"Dir hutt zu Recht gesot, datt mer de Schutz vun den Déieren an der Verfassung stoen hunn, ma ech mengen, datt et schonn den opportunen Ament ass, fir och de Schutz vun de Fraen an d'Verfassung ze schreiwen, fir hinnen dee selwechte Rang ze ginn. Déi reproduktiv Rechter vun de Fraen, déi an eiser Virstellung scho bei der Verhütung ufänken (dat ass e weideren Deel vun där Propositioun, déi mer gemaach hunn) bis hin zum Avortement."

D'Dokter Kayser-Wengler freet sech awer och wat dat der Fra bréngt wann den Avortement an d'Verfassung stoe kënnt. D'Céline Gérard ass Psychologin, Psychotherapeutin an Direktesch vum Planning Familial, dee schonn dofir gekämpft huet, datt d'Ofdreiwung an d'Verfassung stoe kënnt, ier déi Lénk hir Gesetzpropositioun geschriwwen hunn - de Grond ass dee selwechten.

"Mir mierken am Fong, dass d'Rechter vun de Fraen ni a Sécherheet sinn an datt d'Recht op Ofdreiwung ëmmer kann a Gefor geroden. Wann der elo frot, ob et dann den Ament geféierlech ass, da soen ech grad, well net geféierlech ass a well d'Leit e Konsens kënne fannen ass et un der Zäit fir doriwwer ze schwätzen. Wa mir bis an enger Kris sinn dann ass et ze spéit."

De Premier Luc Frieden hat am RTL Interview ënnerstrach et géif een net wëllen, datt d'Ofdreiwung en absolut Recht gëtt, well dat géif bedeiten, datt en Dokter oder e Spidol misst en Avortement maachen, well et e Recht wier vun all Bierger.

"Dat stëmmt net" seet den Droitsprofesser Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg. Et war eng Angscht, déi och verschidde Fraendokteren haten, mä de President vun der Gesellschaft vun de Gynekologen, de Pit Duschinger, koum zu där selwechter Conclusioun wéi den Droitsprofesser.

"Mir hu ganz vill Angschttexter erakritt, direkt wéi d'Thema op den Dësch koum. Ech mengen, dat ass och ganz normal, well en Dokter ass kee Jurist an ëmmer, wa mir dat Wuert Droit gesinn, ass en Droit ëmmer bësse méi eppes Radikales wéi eng Libertéit. An nodeems mer eis gutt informéiert hunn, huet sech déi Angscht ganz séier geluecht an dat wat de Professer elo just gesot huet, dat hunn ech genee sou fonnt. An et ass effektiv absolut ondenkbar, datt en Dokter selwer perséinlech ka gezwonge ginn dat ze maachen."

De Pit Duschinger seet, d'Gesellschaft vun de Gynekologe stéing hannert der Propos, den Avortement an d'Constitutioun ze schreiwen, mä d'Fraendoktere wieren souwisou ëmmer fir hir Patientinnen do. Si wieren och virum Avortementsgesetz vu 2014 fir si do gewiescht an et wier eng Traditioun, datt si hannert der Entscheedungsfräiheet vun hire Patientinne stinn.

RTL
Kloertext iwwer Avortement / Resumé Dany Rasqué

Eis Invitéën

Marc Baum
Deputéierten déi Lénk
Wëll d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung verankeren

RTL

Michèle Kayser-Wengler
Kannerdoktesch
Presidentin Pro Familia an infoMann
CSV-Conseillère zu Diddeleng

RTL

Pit Duschinger
Fraendokter
President SLGO, Gesellschaft vun de Gynekologen

RTL

Céline Gérard
Psychologin a Psychotherapeutin
Direktesch Planning Familial

RTL