De Jean-Marie Biwer an de Georges Christen
Virun 10 Joer hat de Moler Jean-Marie Biwer en Häerzinfarkt mat vill Chance iwwerlieft. De Georges Christen war an ass dee stäerkste Mann vu Lëtzebuerg.
De Portrait: Jean-Marie Biwer
En Häerzinfarkt féiert bei ronn 40 Prozent vun de Betraffenen zum Doud. De Risiko vun engem fatalen Ausgang klëmmt zemools, wann dësen net mat Zäiten traitéiert gëtt. D’Symptomer ginn dacks net direkt erkannt oder mam Häerzinfarkt direkt a Verbindung bruecht. Eng ze spéit Diagnos oder Behandlung heescht dacks dass dem Betraffene seng Chance ëmmer méi kleng ginn, fir kënnen z’iwwerliewen.

De bekannte Lëtzebuerger Moler Jean Marie Biwer hat mat 53 Joer en Häerzinfarkt, viru genee 10 Joer. De Jean-Marie Biwer wunnt a schafft zënter 1982 zu Kierchen an der Gemeng Ëlwen. Wéi hien den 1. Januar 2011 moies fréi seng Attack gemaach hat, huet de laange Wee bis an d’Ettelbrécker Spidol ugefaang, fir de Jean-Marie Biwer eng Course géint den Doud.
Wat ass ginn aus dem... Georges Christen?
Hie béit Eisen Neel, zitt Fligeren a Schëffer mat den Zänn an zerräisst ganz Telefonsbicher - riets ass vum stäerkste Mann vu Lëtzebuerg, dem Georges Christen. Ganzer 26 Guinness Buch Weltrekorder huet hien, a senger Carrière als Kraaftmënsch, erreecht. D'80er a 90er Joren waren den Héichpunkt vum Georges Christen senge Kraaftakten. Eng Zäit wou Rekorder a Stunten am Trend waren.

"Ech wees net op ech nach ëmmer In sinn, mee ech sinn awer och net esou schnell Out ze kréien." (Georges Christen)
De Georges Christen war wäit iwwert d'Grenzen vu Lëtzebuerg eraus bekannt. Weltwäit huet hien d’Mënschen begeeschtert an zum Staune bruecht. Mat groussen Aen, oppenem Mond a vill Matgefill huet een him bei sengen Showen nogekuckt. Haut, mat 58 Joer, ass de stäerkste Mann vu Lëtzebuerg nach ëmmer an Topform an huet iwwer 100 Showen am Joer. Zënter 37 Joer huet de Georges Christen als Beruff dee vum Kraaftmënsch an haut kann hien op eng staark Carrière mat villen aussergewéinlechen Leeschtungen zeréck kucken.
Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé. Sämtlech Emissioune fannt Dir zu all Moment am RTL Play.