Dës Woch: De jonken Adrien Neu zielt dem Tessy vu sengem Dram fir Astronaut ze ginn an de Pierre Bley weist, wéi en d'Zäit an der Pensioun erëm kritt.

Bei enger neier Episod vu Mënschen a Geschichten zielt den Adrien Neu dem Tessy vu sengen Erfarunge bei der Space Agency, dem Adrien säin Dram ass et, enges Dages Astronaut ze ginn. A mir weisen Iech, wat esou ee vill beschäftegte Mann wéi de Pierre Bley, fréiere Generalsekretär a President vun der UEL, spéider Haffmarschall an och President vun der Œuvre de Secours Grand-Duchesse Charlotte a senger Pensioun mat där viller fräier Zäit mécht.

Mënschen a Geschichten, um 19 Auer op Tëlee Lëtzebuerg an duerno op RTL Play.