Stéphanie Reuter a Fabienne Steffen
D'Stéphanie Reuter huet erausfonnt, dass si Drillingsschwësteren huet an d’Generaldirektesch vun "Elisabeth" Fabienne Steffen ass beim Tessy am Interview.
Stéphanie Reuter
D'Stéphanie Reuter huet fréi vun hiren Eltere gesot kritt, dass si adoptéiert ginn ass. Schonn als Kand hat si dacks Dreem vun anere Kanner, obwuel si eleng opgewuess ass. Ee Bauchgefill, dat sech als richteg sollt erausstellen, well d'Stéphanie op ee mol ee Bréif vun hiren zwou Schwëstere geschéckt kritt huet. A wéi sech erausgestallt huet, waren dat hir Drillingsschwësteren!
Fabienne Steffen
Am Interview zielt d’Fabienne Steffen vun hirer Aarbecht bei Elisabeth. Déi sozial Institutioun hëlleft ville Kanner Famillen a Jonke mat an och ouni Handicap. Als Generaldirektesch weess d’Fabienne Steffen, wat gebraucht gëtt, fir Leit ze hëllefen an zielt dem Tessy, wéi jidderee si ënnerstëtze kann.
Mënschen a Geschichten, um 19 Auer op Tëlee Lëtzebuerg an duerno op RTL Play.