Elisabeth Adams a Jérôme Beck
Dës Woch: Elisabeth Adams mécht Glacen a plädéiert fir ee méi nohaltegt Liewen. A wat gouf aus dem Jérôme Beck?
An der éischter Episod vun der neier Saison "Mënschen a Geschichten" mam Tessy Antony de Nassau froe mir, wat de Jérôme Beck haut mécht. Zu Zäite vu Planet RTL war de Jérôme am ganze Land bekannt, mä duerno ass et méi roueg ëm hie ginn.
An steet eng richteg Powerfra dem Tessy Ried an Äntwert. D’Elisabeth Adams ass gebierteg vun Tréier wunnt haut op der Musel an huet sech ganz nei orientéiert. Fréier nach an der Finanzwelt doheem, produzéiert si haut Glacen a probéiert eng méi nohalteg Consomatioun ze promovéieren. An och an der Epicerie Social péckt si gäre mol eng Hand mat un, fir aneren ze hëllefen.
Mënschen a Geschichten, um 19 Auer op Tëlee Lëtzebuerg an duerno op RTL Play.