De Portrait vum Steve Goerend, dee säi Coming Out erzielt an e Réckbléck op d'Karriär vun der Colette Flesch, déi Politik a Sport nohalteg markéiert huet.

De Portrait: Steve Goerend

Ech hu mer selwer eppes virgemaach. Ee Saz, dee sech sou munch Fraen oder Männer soen, déi jorelaang bestuet waren, an déi no a no realiséieren, datt se homosexuell sinn. Dee Moment natierlech keng einfach Entscheedung, wéi soen ech mengem Partner et, wéi verletzen ech deen am mannsten, a wéi reagéiert meng Famill a mäi Frëndeskrees.

RTL

De Steve Goerend gouf als Bouf vu sengem Schoulmeeschter sexuell belästegt, als Teenager hat hien et och net einfach, ze vill Gewiicht an eng generell Onzefriddenheet hunn him seng Pubertéit immens schwéier gemaach. Ëmsou méi schéi war et fir de Steve eng Partnerin ze fannen, déi him Léift a Sécherheet ginn huet. No 10 Joer Bestietnes ass dem Steve awer ëmmer mäi bewosst ginn, dat hien net Frae mee Männer gären huet. Ee Coming out, dee vill Courage gebraucht huet, ma deen de Steve haut ee wichtegen Ausgläich a sengem Liewe gëtt.

Kuerz nom Interview ass de Steve schwéier krank ginn a louch laang an der Klinik, en ass am Moment um Wee vun der Besserung, an nach ëmmer glécklech verléift.

Wat ass ginn aus der... Colette Flesch?

Als Fechterin huet d’Colette Flesch sech vu Jonk un en Numm gemaach. Nieft e sëllege Meeschterschaften an Turnéieren uechter d’ganz Welt, huet si et och dräi mol op d’Olympesch Spiller gepackt, wou si Lëtzebuerg vertrueden hat. Nieft dem Sport hat si schonn als jonk Fra e staarken Interessi un der Politik, a war an de 60er Joren eng vun deenen éischte Fraen, déi et zu Lëtzebuerg an d’Politik gezunn hat.

RTL

Ob als Deputéiert, Europapolitikerin, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg oder als éischt Fra op engem Buergermeeschterposten zu Lëtzebuerg, als Parteipresidentin vun der DP, Vize-Premier, Wirtschaftsministesch, Justizministesch, Wirtschaftsministesch..., all neien Challenge huet si ugeholl an gemeeschtert.

Scho laang huet d’Colette Flesch sech aus dem aktive sportlechen an duerno och aus dem politesche Liewen zréckgezunn Si geet hiren Interessien a Passiounen awer och haut nach mat Äifer no. E Portrait vun enger impressionnanter Fra déi Lëtzebuerg wärend engem hallwe Joerhonnert markéiert huet.

Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé. Sämtlech Emissioune fannt Dir zu all Moment am RTL Play.