De Camille Kerger erzielt iwwert deen trauregsten Dag a sengem Liewen. An der Rubrik “Wat gouf aus” hu mer eng Gewënnerin vu "Wann s de eppes kanns".

De Portrait: Camille Kerger

30 Joer waren de Camille Kerger an d'Charlotte Kerger eng Koppel, d'Passioun fir d'Musek huet se zesummebruecht, e puer Joer drop koum hiert Meedchen op d'Welt. Virun 12 Joer ass d’Charlotte bei engem trageschen Autosaccident ëm d'Liewe komm. 12 Joer an deenen et schwéier war, e Liewen ouni seng Fra opzebauen.

RTL

D'Roserei an d'Trauer si mat der Zäit manner ginn, ma en Alldag ouni d’Charlotte fillt sech och haut, esou de Camille Kerger, no all deene Jore munch mol eidel un.

Wat ass ginn aus dem... Deborah Schneider?

Am zweete Reportage, an der Rubrik “Wat gouf aus”, hu mer eng Gewënnerin vu "Wann s de eppes kanns". Bal 10 Joer sinn et elo hier. Do hat d'Deborah Schneider säi groussen Dag.

D'Sängerin hat d'Final deemools ganz knapp gewonnen a sech natierlech riseg gefreet. Mä wéi ass et duerno weidergaange mam jonken Talent. Mir hunn d’Deborah getraff. 

RTL

Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé. Sämtlech Emissioune fannt Dir zu all Moment am RTL Play.