Nodeems d'Sylvie Bisdorff hire Geroch a Goût verluer huet, koum d'Kächin an eng existenziell Kris. D'Maggy Molitor verréit, wat hir Passioun am Liewen ass.

De Portrait: Sylvie Bisdorff

Mat dat schlëmmst, wat engem Kach oder enger Kächin ka passéieren, si verléieren de Goût an de Gerochssënn. Wie kann ee weider kachen, wann engem genee dat feelt. Der bekannte Lëtzebuergerin Kächin Sylvie Bisdorff ass genee dat passéiert. Duerch ee Malaise ass si op de Kapp gefall, nom Erwäche war dunn de Goût an de Geroch komplett fort.

RTL

Net einfach fir eng passionéiert Kächin, di dunn no etleche Joren huet missen d'Diere vum Famillje-Betrib zoumaachen.

Wéi et hir haut geet, an op de Goût an de Geroch mat de Joren zeréckkomm sinn, huet si dem Jenny Fischbach erzielt.

Wat ass ginn aus dem ... Maggy Molitor

Mir katapultéieren eis puer Joerzéngten zréck an d’Vergaangenheet. Bei eng Fra déi an den 80er an 90er Joren am ganze Land bekannt war.

D’Maggy Molitor huet bal 10 Joer laang sonndesmëttes den Hei Elei Kuck Elei presentéiert. Wéi dat fir si deemools war. Firwat se duerno bei ville Staatsvisitten dobäi war. A wat hir wierklech Passioun am Liewen ass. Dat huet si eis am Interview verroden.

RTL

Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé. Sämtlech Emissioune fannt Dir zu all Moment am RTL Play.