D'Jacqueline a Romain Berg an de Max Kuborn
Nom 8. Juli 1981 war dem Jacqueline an dem Romain Berg hiert Liewe fir ëmmer changéiert. De Max Kuborn verréit eis, wat en an der Pensioun mécht.
De Portrait: Jacqueline an de Romain Berg
Et kléngt wéi en Albdram. De Romain an d'Jacqueline Berg sëtzen den 8. Juli 1981 gemittlech op hirer neier Terrass. Bis op eemol, do fält de Romain nieft den Dësch. Kuerz drop realiséiert seng Fra: Hie krut eng Kugel an de Kapp.
Wat genee geschitt ass, wéi d'Koppel duerno gekämpft an awer bis haut weider Freed um Liewen huet, hunn d'Jacqueline an de Romain dem Jenny Fischbach erzielt.
Wat ass ginn aus dem ... Max Kuborn?
Wann een an eisen RTL-Archiv säin Numm agëtt, da kritt een iwwer 5.000 Resultater. Jo, dee Mann huet seng Spueren hei am Sender hannerlooss. 12 Joer sinn elo hier, do huet de Max Kuborn seng lescht Meteo presentéiert. An dat ganzt Land mat senger lëschteger Aart ameséiert.
Mee wat mécht de fréieren Journalist, Tëleeskach an alleréischte Lëtzebuerger Wiederfräsch haut? Kuckt en nach ëmmer, ob et muer Ree gëtt oder ass ëm dat a senger Pensioun egal? De Pitt Wagner a Mike Elsen waren hie besichen.
Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé. Sämtlech Emissioune fannt Dir zu all Moment am RTL Play.
