D’Imma Ternes an d’Carmen Flammang
D’Imma Ternes huet no engem Accident e Been an hir Existenz verluer. Déi fréier "Master Cook" Kandidatin Carmen Flammang empfänkt eis zu Bernkastel.
De Portrait: Imma Ternes
Ee kuerze Moment huet dem Imma Ternes hiert Liewe fir ëmmer verännert: Si gëtt den 9. August 2016 vun engem Bus ugestouss, spréngt dem Doud knapps vun der Schëpp a verléiert ee Been. Hire Coiffeurssalon, mat deem si grousse Succès hat, huet d'Imma missen opginn. Hir positiv Energie huet si awer net verluer – am Géigendeel. "Ech sinn dankbar fir alles, wat ech nach kann erliewen", erzielt déi couragéiert Fra dem Mady Lutgen am Interview.
Wat gouf aus dem Carmen Flammang
Deen een oder anere wäert sech vläicht nach u si erënneren: d'Carmen Marchese, haut Carmen Flammang. 2015 hu mir si eng éischte Kéier an eiser Sendung „Master Cook" kennegeléiert. Deemools huet si sech bis an d'Finall gekacht vun där zweeter Staffel. Gewonnen huet si zwar net, mä „Master Cook" war quasi ee Sprangbriet fir déi dynamesch Fra – souwuel an der Welt vun der Gastronomie wéi och am Privatliewen. De Pitt Wagner huet d'Carmen Flammang op hirem Wäigutt zu Bernkastel besicht.
Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé.