Den David ass um Wee, dee Mënsch ze ginn, deen hie schonn ëmmer wollt sinn. A virun 8 Joer war de Bauer Guy bei "Bauer sucht Frau" dobäi.

Gebuer am falsche Kierper!

Mat 22 Joer realiséiert den David Schroduer, dass hie sech als Transgender Fra fillt a fänkt un dat och auszeliewen. No engem Joer Hormonbehandlung gëtt aus dem David ëmmer méi d'Veronica. Déi grouss Operatioun vun der Geschlechtsëmwandlung ass den nächsten Schratt. D'Viv, wéi hir Kolleegen d'Veronica nennen, erzielt dem Mady Lutgen, wéi si endlech zu deem Mënsch gëtt, dee si schonn ëmmer wollt sinn.

Wat gouf aus dem Bauer Guy

De Guy Wester huet bei der Sendung "Bauer sucht Frau" um däitschen RTL matgemaach. E wollt d’Fra fir d’Liewe kenne léieren. An huet d’Victoria fonnt. Wat du koum ass eng Lovestory iwwert déi zu Lëtzebuerg och no der Sendung nach laang geschwat gouf. De Loïc Juchem war de Guy an d’Victoria op de Bauerenhaff besichen an huet mat hinnen op déi lescht 8 Joer zréckgekuckt.

Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé.