E Freedefeier un Anekdote vum Tony Tintinger
Nieft dem Kach erzielt awer och d'Christiane Bernard eis hir Geschicht. Si huet 65 Kilogramm ofgeholl.
65 Kilogramm ofgeholl
Wéi d’Christiane Bernard hiert Gewiicht an de Grëff krut
Et ass eng Geschicht, déi kléngt, wéi wa se fir e Film geschriwwe gi wier. Eng jonk Fra ass staark iwwergewiichteg, leit enorm ënnert dëser Situatioun, gëtt da mat engem Beipass um Mo operéiert a verléiert 65 Kilogramm. Kee Kino. Richteg geschitt. D’Christiane Bernard huet eis hir aussergewéinlech Geschicht erzielt.
E Freedefeier un Anekdoten
Den Tony Tintinger erënnert sech u véier Joerzéngte Kachen op héchstem Niveau
"Ech hu fir fäi Leit gekacht. Ech hu fir Banditte gekacht." Den Tony Tintinger huet iwwer 40 Kinneken a sengem Restaurant empfaangen. Ënnert senge Gäscht och där, déi an der Welt net esou gutt ugesi waren, wéi den Erich Honecker oder Nicolae Ceaușescu. En hat awer och reegelméisseg de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse bei sech fir z’iessen. Hien erzielt wéi déi Iessen ofgelaf sinn, iwwert seng vill Optrëtter an diverse Kachsendungen op der Tëlee an awer och wéi seng Karriär mat engem einfache Croque Monsieur ugefaangen huet.
Mënschen a Geschichten, de Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé.