D'Nathalie Groeber an de Metti Krings
D'Nathalie Groeber erzielt iwwert hiert Liewe mat Long-Covid. An de Metti Krings, bekannt als "Lilalaunebär", bléckt op seng Karriär zeréck.
Liewe mat Long-Covid
D'Nathalie Groeber leit haut nach un de Suitte vun hirer Corona-Infektioun. Virun engem Joer stécht d'Nathalie Groeber sech mam Coronavirus un. Mat 48 Joer. Si gëtt krank an no puer Méint stellt sech eraus, dass se Long-Covid huet. Déi sportlech a fit Fra huet mat Häerz- a Longeproblemer ze kämpfen. Kann och Saachen net méi gutt verhalen. Si geet bal ee Joer an de Rehazenter. Vu bausse gesäit si gesond aus a vill Leit huelen hir Krankheet net eescht. D'Mady Lutgen huet déi couragéiert Fra getraff.

Eng Ikon vum däitsche Fernsee
De Metti Krings erzielt iwwert seng Zäit bei RTL Plus. De Peter Paul Krings kennen déi meescht éischter als Metti. Dee vum Lilalaunebär. Firwat ganz vill Zoufäll dozou gefouert hunn, dass hie bei der Tëlee gelant ass, wéi hien déi geckeg Jore bei RTL erlieft huet a wéi hien haut seng Zäit rëmkritt. Den Andy Lamesch war op Besuch beim musikalesche Multitalent.
