D'Sarah Esselen an de Pickege Pit
D’Sarah Esselen huet sech als Single-Fra fir eng kënschtlech Befruchtung decidéiert a mir weisen Iech donieft dat faarwegt Liewe vum Pickege Pit.
Dat laangt Waarden op e Kand
Eng Koppel brauch an der Moyenne ee Joer bis de Wonsch vun der Schwangerschaft an Erfëllung geet. D'Sarah Esselen vu Saarbrécken wollt onbedéngt e Kand, ma d'Liewen huet hir bei dësem Wonsch net an d'Kaarte gespillt. De Wee vun der kënschtlecher Befruchtung huet si vill kascht a si huet niewent Feelgebuerten och nach eng jett Kriticken agestach. Déi taff Fra huet eis hir Geschicht erzielt.

Verwandlungskënschtler am Dauerasaz
De Pit huet sech am Laf vu sengem Liewen ëmmer erëm nei erfonnt, an och elo mécht hien ëmmer rëm nei Saachen. Dacks fir Kanner Freed ze maachen, awer net nëmmen. Pickege Pit, Cyperpiper a Bimbo Theater, dat si just puer vun deene Projeten, mat deenen hie sech a vill anerer begeeschtert. Mir sinn an dem Pit seng villsäiteg Welt agedaucht.
