Yves Barthels a Joelle Daubenfeld
Dem Yves Barthels seng Fra ass un de Suitte vun der Gripp gestuerwen a beim Joelle Daubenfeld dréint sech alles ëm Konscht.
Brutal aus dem Liewe gerappt
Den Yves Barthels huet seng Fra Sarah mat nëmmen 32 Joer un der Gripp verluer
Huet een den Houscht, denke vill Leit direkt: "Oh mei, lo huet deen de Corona". Kraazt den Hals oder leeft d'Nues, kloer, Covid. Et gouf jo och wärend Méint a Méint quasi just dat Thema, respektiv déi Krankheet. Aner schlëmm Infektiounskrankheete sinn dobäi e bëssen an de Vergiess geroden. Esou zum Beispill d'Gripp. Ausgeléist duerch den Influenza A Virus. Déi ass och nach ëmmer do a bleift geféierlech, och fir gesond Leit. Dat krut den Yves Barthels virun dräi Joer ouni Virwarnung ze spieren. Seng Fra, d'Sarah ass mat nëmmen 32 Joer un de Suite vun enger Gripp gestuerwen. En haarde Schlag fir den zweefache Papp, deen a senger Trauerbewältung awer och eng nei an wichteg Aufgab fonnt huet.
E Liewe fir d'Konscht
Och 10 Joer nom Succès bei Generation dréint sech beim Joelle Daubenfeld alles ëm d’Konscht
Virun 10 Joer gouf op RTL d'Emissioun Generation Art. E Concours, wou Kënschtler sech a verschiddenen Challengen hu misse beweisen. An all Sendung huet de Jury um Enn ee Kënschtler bestëmmt, deen de Concours leider huet musse verloossen. Bis just nach een iwwereg war. A virun 10 Joer war dat d'Kënschtlerin Joelle Daubenfeld, nieft de Finalisten Eric Mangen an Anne Mélan. Konscht ass och haut nach dem Joelle säi Liewen.