Sylvie Bisdorff an Deborah Schneider
Déi fréier Kächin huet duerch e Fall op de Kapp Goût a Geroch verluer an d'Deborah Schneider huet viru gutt 10 Joer bei "Wann s de eppes kanns" gewonnen.
Drama fir all Kach
Déi bekannt Lëtzebuerger Kächin Sylvie Bisdorff erzielt, wéi si duerch en Accident hire Goût- a Gerochssënn verluer huet.
Et ass mat dat schlëmmst, wat engem Kach oder enger Kächin geschéie kann. De Goût- a Gerochssënn verléieren. Der bekannter Lëtzebuerger Kächin Sylvie Bisdorff ass genee dat geschitt. Duerch e Malaise ass si op de Kapp gefall. A wéi se erwächt ass, ware Goût a Geroch komplett fort. Si huet du mat schwéierem Häerzen missen hire Familljebetrib zoumaachen. Wéi et dem Sylvie Bisdorff haut geet, an op Goût a Geroch mat de Joren zeréckkomm sinn, huet si dem Jenny Fischbach erzielt.
10 Joer duerno
Wéi d’Deborah Schneider d’Zäit vum Succès bei "Wann s de eppes kanns" erlieft huet.
Viru gutt 10 Joer hat d’Deborah Schneider säi groussen Dag. Et war bei der RTL Talentshow "Wanns de eppes kanns". D'Sängerin hat d'Final deemools ganz knapp gewonnen a sech natierlech riseg gefreet. Mee wéi ass et duerno weider gaange mam jonken Talent. D’Liz Heinz huet d’Deborah Schneider getraff.