Georges Kieffer a Monique Melsen
Dem Georges Kieffer seng lescht Hoffnung war eng Häerztransplantatioun an d'Monique Melsen erzielt vun hirer laanger Karriär als Actrice a Sängerin.
En neit Häerz, en neit Liewen
De Geroges Kieffer kënnt mat engem schroen Häerzfeeler op d’Welt a muss laang op eng Transplantatioun waarden.
Hien hat weder eng normal Kandheet nach eng schéi Jugend an huet bis am Teenageralter schonn dräi Häerzschrëttmécher agesat kritt. Dacks denkt de Georges Kieffer dorun, esou net méi weider liewen ze wëllen. Als jonke Mann ass eng Häerztransplantatioun seng lescht Hoffnung. Haut gesäit hien all Dag als Kaddo. D'Mady Lutgen huet e jonke Mann getraff, deen ni opgëtt.
E Liewe fir d'Bün
D’Monique Melsen erzielt vun hirer laanger Karriär als Sängerin a Schauspillerin.
Wat hunn d’Lea Linster, d’Astrid Lulling, d’Grande-Duchesse an de Luc Frieden gemeinsam? Si kënnen alleguer extrem gutt nogemaach ginn, vum Monique Melsen. D’Actrice ass bekannt aus ville Lëtzebuerger Theaterproduktiounen an ass eng ganz talentéiert Sängerin. Net just am Cabaret. D’Monique Melsen war 1971 bei der Eurovisioun dobäi an ass mat Family Tree an den Hitparaden opgetrueden. Den Andy Lamesch huet eng Fra getraff, déi keen esou séier vun der Bün erof kritt.
All d'Emissioune vu "Mënschen a Geschichten" fannt Dir op RTL Play.