D'Gwendoline Schweich zielt vum Kampf géint d'Magersucht an de Pilo Fonck ass mat Leif a Séil Sportjournalist.

Kampf géint Magersucht

D’Gwendoline Schweich erzielt, wisou si nëmmen nach ofhuele wollt a wéi si sech vun der Magersucht befreie konnt.

Et huet alles domat ugefaangen, well si hirem Frënd gefale wollt. A wat mat e bëssen ofhuelen lass gaangen ass, gouf duerno méi schlëmm. D'Gwendoline Schweich fält ëmmer méi déif an d'Magersucht. Mat der Zäit kënnt och nach eng Bulimie dobäi. Zweemol steet si kuerz virum Doud an verbréngt hir Jugend an Therapien a Klinicken. D'Gwen hält hir Gedanken an Emotioune vun där Zäit a Bicher fest an huet elo e Buch iwwert hir Geschicht geschriwwen: "Vivre pour survivre? Survivre pour vivre? C'est à toi de choisir. Si huet sech fir d'Liewen decidéiert. D'Mady Lutgen huet déi couragéiert Fra getraff.

RTL

Mat Leif a Séil Sportjournalist

De Pilo Fonck erënnert sech un déi schéinste Momenter aus senger laanger Karriär als Sportjournalist.

Hien huet als Kand dovu gedreemt, enges Daags kënne beim Tour de France matzefueren. An esou koum et dunn och. Wann och net um Vëlo, mee als Journalist hautno dobäi. 35 Joer laang huet de Pilo Fonck als Sportjournalist a Kommentator all Sportaart mat senger kritescher Aart presentéiert. An egal ob um Radio, der Tëlee oder an der geschriwwener Press. Hien huet ni e Blat virun den Mond geholl an seng direkt Aart a Weis gouf séier säi Markenzeechen. D'Linda Balschette huet mam Pilo Fonck zréck gekuckt. Op déi gréisste Momenter a flottste Renconteren.

RTL