D’Ana Pinto erzielt, wéi si vun hirem Mann geschloe gouf, an de fréiere Vizepremier Félix Braz geet op säi schwéierste Kampf an.

Befreiung vum gewalttätege Partner

D'Ana Pinto erzielt, wéi si vun hirem Mann geschloe gouf a firwat si sech nëmme schwéier vun him léise konnt. D'Ana Pinto fillt sech wéi eng Prinzessin, wéi si hire Mann kenneléiert. Et schéngt alles ze schéin, fir wouer ze sinn. De Libesfilm entwéckelt sech awer schläichend zu engem Albdram. D'Ana gëtt vun hirem Mann zerschloen. Ass gefaangen an enger Bezéiung, aus där si eraus wëll, et awer net fäerdeg bréngt. Haut grënnt si grad mat anere Betraffenen eng ASBL. Si wëll Affer vu Gewalt a Mëssbrauch hëllefen. D'Ana Pinto erzielt, wéi hir Bezéiung ëmmer méi belaaschtend ginn ass a wéi si sech schlussendlech befreit krut.

RTL

Dem Felix Braz säi schwéierste Kampf

De fréiere Vizepremier erzielt, wéi hie sech no sengem Häerzstëllstand erholl huet a wéi et him haut geet. Fir de Félix Braz a seng Famill waren déi lescht knapp dräi Joer eng ganz schwéier Zäit. Am August 2019 war dem fréiere Justizminister a Vizepremier säin Häerz stoe bliwwen. An der Vakanz zu Knokke. Duerno koum eng laang Zäit, an där hie sech huet missen zréck an d'Liewe kämpfen. Mir hunn hien a seng Famill an hirem neien, ganz aneren Alldag begleet a kucken och zréck op säi politesche Wee.

RTL

Déi neisten Emissioun vu "Mënschen a Geschichten" kënnt Dir e Sonndeg den Owend hei live am Stream kucken. Géint 19.30 Auer fannt dir de Video dann och op dëser Plaz am Replay.