Een neien Challenge waart op d'Tessy Antony de Nassau. Mir waren derbäi, wéi d'Tessy sech op hir nei Sendung Mënschen a Geschichten virbereet huet.

Mënschen a Geschichten - déi beléiften Emissioun, wou Leit vun hire Schicksalsschléi erzielen, geet an eng nei Saison. An do huet sech méi wéi nëmmen de Look geännert. D'Tessy Antony de Nassau invitéiert elo all 2. bis 3. Sonndeg ee Gaascht bäi sech an de Studio an diskutéiert iwwer deem seng Aarbecht awer och iwwer Privates.

Déi nei Emissioun 'Mënschen a Geschichten' mam Tessy Antony de Nassau

Bei Mënschen a Geschichte geet et ëm d'Leit a wat si ze zielen hunn. Virun deem éischte richtegen Interview gëtt awer nach geprouft. An och wann d'Tessy gewinnt ass, viru Kameraen ze poséieren, ass den Optrëtt op der Tëlee awer eppes Neies. Bei der Tëlee ass e wéineg méi Technik néideg wéi fir ee Podcast, dat muss och d'Tessy agestoen. An eng gewëssen Nervositéit gehéiert einfach dozou.

Och Fotoe mussen nach gemaach ginn, keng all ze schwéier Aufgab fir d'Tessy, Prompter ofliesen dogéint ass zwar eppes, wat nei ass. Mee och dat gëtt ouni grouss Problemer vum Tessy gemeeschtert. A mat deem virun der Kamera ass et net gedoen, och de Choix vun de Gäscht an d'Preparatioune si wichteg.

Bei esou ville Saache brauch een eng gewëssen Ënnerstëtzung, fir alles ënner een Hutt ze kréien, an déi fënnt Tessy a sengem Mann dem Frank Floessel. Fir déi jonk Famill gëtt et alles anescht wéi langweileg, eleng d'Pendelen tëschent Zürech, Lëtzebuerg a London brauch seng Zäit.

E Sonndeg den 30. Abrëll geet et da lass. Um 19 Auer gesi mir dann, wann et fir richteg ass an Directrice vun der Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacley vis-à-vis vum Tessy sëtzt als Mënsch, deen eng Geschicht ze zielen huet.