"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D'Anouk Wagener ass Schauspillerin. Zu Wien huet se geléiert, zu Heidelberg fir d'éischt geschafft, zu Berlin lieft se elo, mä kënnt ëmmer gär op Lëtzebuerg fir de Film an den Theater. Den Ament ass si am Stéck "Georges Dandin" ze gesinn a geschwënn an "Dräi Schwësteren". Beim Jenny Fischbach erzielt d'Anouk Wagener iwwer hir Passiounen.

Ausserdeem hëlt de Joël Seiller eis mat an e Schwarzwaldduerf, dat quasi en zäitgenëssesche Musée ass, an d'Christiane Kremer schwätzt iwwer d'Helen Buchholz, eng Lëtzebuerger Komponistin aus dem 20. Joerhonnert, där hir Wierker bal vergiess gi waren.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.