"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Paul de Felice organiséiert de "Mois Européen de la Photographie" zu Lëtzebuerg an ass scho laang eng richteg Referenz hei am Land, wann et ëm d'Thema Fotografie. Beim Jenny Fischbach erzielt hien iwwer seng Passioun a säin Engagement fir dës Konscht.

Ausserdeem stellt d'Danielle Igniti de Site vir op deem d'Konschtkollektioun vun der Stad Diddeleng ze gesinn ass an de Joël Seiller schwätzt iwwer d'Fotografin d'Vivian Maier.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.