"No ART on AIR" - ausnamsweis sonndes an eng Stonn laang!

Well d'Fête de la Musique dëst Joer iwwerall am Land huet mussen ofgesot ginn, ass op Initiativ vun der asbl "Fête de la musique", dem Kulturministère an der SACEM decidéiert ginn eng "Journée de la musique" den 21. Juni mat alle Radioen aus dem Land z'organiséieren.

RTL huet op all senge Medien Lëtzebuerger Museker an de Mëttelpunkt gestallt.

D'Spezial-Emissioun No Art on Air gouf am Gudde Wëllen opgeholl mat den Invitéen John Rech a Marc Scheer a mat Live-Acts op der Bün vun: De Claus, Bartleby Delicate, Francis of Delirium, Sven Sauber, Nicool an Them Lights.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air - Edition Quarantän" ausnamsweis sonndes um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo