Invité: den Jazzgitarrist Greg Lamy, ausserdeem d'Expo vum Serge Koch an de virtuelle Brëll vum LuxFilmfest.

„Observe the silence“ dat ass den Titel vum Greg Lamy sengem neien Album. E gutt Joer huet de Museker sech misse gedëllegen, Enn Abrëll kënnt endlech den neien Album eraus.

Virtuell Réalitéit to go - am Kader vum Luxembourg City Film Festival kann een e VR-Brëll ausléinen. De Joel Seiller huet dat fir eis getest.

D'Valeria Wiwinius war sech op Esch d‘Ausstellung vum Serge Koch an d‘Galerie Schlassgoart ukucken.

No Art On Air aus dem Carré zu Hollerech – presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

Wiwinius
No Art

Heintz
Video No Art Liz Heintz
Konsbruck
Chroniqueur