Invité: De Museker Arthur Possing, ausserdeem d'Nuit des Lampions 2023 an "Das blaue Sofa".

Dës Woch stellt de jonke Museker, Komponist an Jazz-Pianist Arthur Possing säin alleréischte Solo Album vir. Zënter 10 Joer kennt een hie mat sengem Quartett, elo war et un der Zäit een eegene Projet op d’Been ze sëtzen. Doriwwer a villes méi zielt de Pianist am No Art On Air.

De Julien Marcy zielt eppes iwwert dat grousst literarescht Event vun der Rentrée: "Das blaue Sofa". Eng Initiativ vu Bertelsmann, wou dëst Joer de bekannten australeschen Auteur Christopher Clark op Lëtzebuerg kennt.

D’Patrica Baum kuckt fir eis op d’Nuit des Lampions, wat et dëst Joer alles Néits gëtt, wéi de Programm ausgesäit, a wisou et sech lount bis op Wooltz ze fueren.

No Art On Air, vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.