Invitéë waren déi zwee Museker vu Schëppe Siwen, ausserdeem eng Rei Concerten, déi bis Dezember nach um Agenda hei zu Lëtzebuerg stinn.

Zënter 15 Joer fëlle si d'Concertsäll, d’Bistroen a Festivalsbünen hei zu Lëtzebuerg. Schëppe Siwen feiert Gebuertsdag mat engem neien Album a grousse Release Concert am Atelier. Am No Art ziele si vun hiren Ufäng a wat si bis haut weider dreift an dat bis iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg eraus.

D'Claudia Kollwelter huet sech 4 perséinlech Concerts-Highlights hei zu Lëtzebuerg erausgesicht. Vun Rotondes bis Rockhal a vun Indie, Pop bis Rock.

No Art On Air aus dem Vins Fins, presentéiert vum Patricia Baum.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.