Invitéeën sinn d'Galeristin Lou Philipps an d'Kënschtlerin Lara Weiler, ausserdeem en "ideaalt" Buch.

D'Galeristin Lou Philipps an di 24 Joer jonk Kënschtlerin Lara Weiler, di viru kuerzem de Prix Pierre Werner vum CAL iwwerreecht krut, schwätzen am No Art iwwert de Konschtmarché an de Beruff als Kënschtlerin a Galeristin. D'Lou Philipps huet virun e puer Joer d'Initiative Young Luxembourgish Artist gegrënnt, wou et drëm geet jonke Kënschtler a Kënschtlerinnen eng Plattform fir auszestellen ze ginn an gläichzäiteg eng Ënnerstëtzung um Konschtmarché unzebidden. Et geet och ëm d'Luxembourg Artweek, d'Konschtfoire geet d'nächst Woch an di 10. Editioun. An d'Lara Weiler erzielt weieng Projete bei hir ustinn an och wei et fir si ass als Kënschtlerin ze schaffen.

De Joël Seiller ass dann och mat dobäi an hien huet en ideaalt Buch matbruecht. Eng BD mam Titel "Idéal" a fir de Joël ass et de Coup de Coeur vum Joer.

No Art On Air aus dem Vins Fins, presentéiert vum Patricia Baum.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.