Fir déi 10. Editioun sinn och dëst Joer erëm op 5.000 Metercarré 77 Exposanten aus 18 verschiddene Länner ze gesinn.

Mir kucken ënner anerem op de Programm am Zelt, ma awer och wat d'Luxembourg Art Week nach ausserhalb vum Glacis ze bidden huet.

Mir hu mat verschiddene Galeristen a Kollektiven iwwer d'Konschtvermëttlung, d'Kënschtlech Intelligenz a villes méi geschwat a mam Alex Reding kucke mir zréck op d'Geschicht an d'Gebuert vun der Lëtzebuerger Konschtfoire.

No Art on Air vun der Luxembourg Art Week, presentéiert vum Sandy Elsen a Patricia Baum.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.